HHei schreiwen ech de waerdegang ronderum meng eventuel longentransplantation!!!

                                                               


Transplantation jo,oder nee?

01-08-2011 war et entlech esou weit,waat fir de Mei geplangt war ,mei screening zu Breissel solt elo statfannen ,um 9.30 hrs. solt ech zu Breissel hospitaliseiert gin ,an daat war ech ,just mat zeit ! Ennersichungen sin direckt las gaang ,deen 1-ten daag haat ech 7 ennersichungen,zu Letzebeurg haat ech schon eng mamografie-darmspiegelung-genecologech-an zahnennersichungen a.z.w. hannerun mir.Den 2-ten daag as et esou weider gaang ,an daag 3 waren et der nach 4 .Ech hun net gewost das et souviel verschieden ennersichungen gin ,mat apparatuur wat ech nach nie gesin haat ,(an ech hun schons viel gesin)         Och haat ech gespraecher mat therapeuten an e pfsycolog,wat mir viel breucht heut.De Specialist zu Breissel heut gemengt ,et geseit gud aus an nodeems meng schilddruss nogekuckt as (an an de rei as )an ech och oofgehol hun keint et medio 2012 schon iwert buhn gaangen sin ,virausgesaat das alles klapt !!! An ongefeier 6 wochen mus ech errum zu Breissel paseieren ,wou dan d`final-ennersichungen plaats fannen ,dan kunt eng komition zezummen an get decideiert ob  jo...oder nee..an wa jo--,an wei enger dringlechkeet ech op d`lecht kommen!!!Dorno kont ech heem gooen mat engem rapport vum Specialist an der posch,deen ech mein Longendr. solt gin ,fir weider traitementer zu Letzebeurg zu organiseieren .Meng schilddruss war net an der rei an soll zu Letzebeurg nogekuckt gin ,och muss ech 20 kg. oofheulen(10 sin der wel fort).

Zereck zu Ettelbreck hun ech direckt den rapport bei mein Longendr. erran gin ,an der hofnung das et schnel firun geet ,wel ech sol no 5-6-wochen errum zu Breissel virstellig gin !

 

Et as elo 03-09 an ech waarden nach emmer op antwort vun mein Longendr.,nodeems ech 2x an der woch ugeruff ,an nogefroot hun ,faenken ech elo un e bessie ongedellech zu gin,mais et gouf mir versprach das mein Dr. freiden de metten zu Breissel geif uruffen ,wel sie haett gaeren e mei detaileierten rapport! Also waarden ech alt errum e peur deeg!!!

Gechter krut ech telefon vun mein Specialist aus Breissel ,Den wolt wessen wei weit ech wir mat den ennersichungen zu Letzebeurg ,also ,do war ech esou entaucht vun mein Dr. hei zu Letzebeurg ...wel dan haat sie net ugeruff op Breissel ,wei mir daat versprach gouf!!!

Aha...Entlech hun ech e rendv. bei mein Longendr. an der klinick zu Ettelbreck,Sie heut mir dun plosibel erklaert firwaat et esou laang gedauert heut ...e misverstaendnis an der komunication techend den Dokteren zu Breissel an Ettelbreck!An daat hun ech och verstaan ,wel meng Pneumologin as emmer gewessenhaft an korreckt,ech haat mech schons gewonnert....

P.S.Ech sin der moment net esou gud ,an kaempfen mat feiver ,wat bei den firbereedungen net vum firdeel as .

Hallo,mir sin errum 2 wochen weider ,an ech mus och errum zerreck bei den haerzdokter passeieren,an daat geschied elo demoyen den 20-09-. Fir meng schildruss kommen ech erreicht den 26-10-2011 bei bei den drussendokter an de centre an der Staat,dan geet alt errum viel zeit verleur...gedolt mus e hun!!!

Voila,just errum vum Haerzdr.an den 27-09-gin ech fir 2 deeg hospitaliseiert fir eng coronografie maachen zu loosen .an dan sin mir errum e schrat weider gel!!!

 

Mir sin elo 30-09-2011 an gechter haat ech meng coronografie,(oder-ennersichung)      

28.09. sin ech um 5 Hrs. an klinick Ettelbreck gaang ,an leider war keng 1-klas mei frei,sodas ech mein zimmer mat enger fra hun missen deelen ,wat mir anfangs geur net gefal heut,(ech hun och meng mucken...)mais ech war angenehm iwerascht ,et war en Hollannerin dei hei an der vakans war an eng klaplong haat (neicht scheines)Sie war gans froh das ech hir sprooch kont ,an ech kont hir dun mat iwerzetzen hellefen!Et war god sei dank och eng leschtech persoun sodas mir och viel hun missen laachen!!

Geint 19-ouer koum eng infirmier a wolt mech raseieren ,mais daat haat ech schons doheem gemaach a war froh doriwer!hi..hi... Wel dei ennersuchung geschit jo an der lees!an do mus dan och alles cleen sin gel!

Moyens um 5 ouer gouf ech schons an d`duche gescheckt ,an dorno gouf eng kanulle gesaat fir de baxter ,dat as tip-top gaang ,wat net selbstverstaendlech as ,wel meng venen sin net dei becht!!!Um 7 ouer sin ech dan mat enger transport-ambulance an der centre gefouert gin ,leiend um bed...waat e luxus...gell?   Nodeems dun kontrastmettel injecteiert war as et las gaang ,ech krut eng lokaal annestesie (god sei dank)wel e bessie angst haat ech schon,wel daat haat ech nach net gemaach krit .Mais et as super gaangen an um schirm kont ech och matkucken wei et mat mengen oderen geet !!! An wat sol ech sooen ...et war alles tip-top!!! meng oderen sin an der rei an mein haerz ,vue das ech emmer sauerstoff heulen ,as och an der rei !!!Hoerra mir sin errum e schrat mei no bei!!! Den DR. heut mir dun e rapport an eng C.D. matgin fir den Specialist zu Breissel ,an soot```Haalt daat gud bei Eech ,wel sos verschwind et an der Ettelbrecker klinick an den archiven`` Ech hun alles an mein buch verstopt ,an NET mei las geloos!!!Bis et secher an mengem koffer war!!!

Ech hun missen bis 16Hrs. rouech leien bleiwen an hun mein rechts been net dirfen beien,also louch ech plat um reck,wat weinst der ootmung fir mech net einfach war ,awer et as gaangen.Um 12Hrs. sin ech errum vun engem tranporttaem oofgehol gin an zereck op Ettelbreck breucht gin ,wei ech op de kummer koum ,war meng Hollandech nopech schon entloos gin ,awer sie haat mir e leiwer breifchen hannerloos ,super gell???

Also hun ech nach bis 16Hrs. am bed missen verbrengen ,awer meng deuchter an seng 2 maedercher hun mir zeit net laang gemeet .Wei ech dun kont opstooen ,hun ech mech ferdech gemeet fir heem ,wel daat war mir versprach gin .an de Carlo heut de koffer schon mol an den auto breucht.Wei dun den Dr. kom as (ech war schons pret fir heem ,mam sonnenbril um kap)  heut den Dr. gemengt ,ech sol nach eng neucht bleiwen...Den Dr. heut bestemt meng entauchung gesin ,an gemengt ,wan ech gans rouech mech geif halen keint ech awer heem gooen ,wel resultater waren jo och gud!!! Oef ...daat war mol gud gaangen ,an nodeems mir der infirmieren nach eppes an hir kaffiskees geleucht hun ,sin mir heem gefeur....wei ech dun doheem war ,hun ech gemeerkt das ech meng kanulle nach an der veen zetzen haat ...hi..hi...ech hun se errous gehol decificeiert an e klengen drockverband drop gemeet ,(ech wees jo metlerweil wei daat geet).Mais eng hallef stonn mei spaet krut ech tel. aus der klinik ,mat der instrucktion wei ech daat sol maachen ...ech hun``vilmols merci``gesoot ,awer net das et schons geschied wir!

             26.Ocktober, Rd.vous beim Dr.Dadoun (druesendr.)

             am Centre Hospitalier zu Letzebeurg-(an der Staat)

Heut hun ech um 12.50 hrs.e rdv.gehaat beim Dr.Dadoun ,fir meng schilddruss 

nokucken zu loosen.Ech war mat zeit do ,an sin och direckt beikom ,nodeems den Dr. hei an do um hals e béschen gedréckt haat,mei gewicht controléiert,mein umfang zogeur gemoos an bluddrock gemoos haat .Heut den Dr. het wichtèch fond das ech dréngens eng CytoponctionThyroidienne gemeet mist kréien,mais et solt erréicht am Dezember een rdv.frei sin .Mais ech haat gléck ,wel et haat é Patient séch oofgemeld ,an wan ech wéilt kéint Ech deen rdv. kréien ,waat Ech och ugehol hun!(den datum heut just missen geannert gin ,wel déi 2 rdv.en gin um selvechten daag seitens de krankekées net erlaabt...)Also dun hun ech errum eng blut-analise maachen geloos an um 15.00 hrs. war ech errum présent! 

Cytoponction as vum dr.Rancier gemeet gin ,an as nét esou eng flot saach ,do gét mat enger spritz vun bausen an den hals erran gefeur bis bei d`schilddruss an é béschen gewebe errausgezun ,wat dan ageschéckt gét an den labor.Mais heen haat nét direckt genug krit(waat eigentléch normaal as.)an heut dun gemengt ,das heen 3x mist erranfeuren.Mais so weit koum et niet ,bei der 2-te kéir mus eppes schief gaang sin ... .ech wees net ricchtech waat ,mais ob allefal as ronderum telefonéiert gin ,an gouf eng Ambulance bestalt fir méch op Éech an der klinick zu féieren,ech haat nach gemengt "mir kéinten jo mam auto feuren,wel de Carlo war jo bei mir!"mais pustekuchen ,ech gouf schéin luxerieus mat tatu-tata-op Éech gefeur!!       Et war mir och geur nét gud,mais ech gesin dat jo nét sou schwarz (sin méi dacks nét an de rei)Warscheinléch hat den dr.  ,eng véne ugepickt an d`gefoor as dan grous  zu erstécken wan schildruss schwelt oder bludungen sin .Zu Éech gouf dun mat enger kamera deurch d`neus bis aan den hals gekuckt fir zu kontroléieren wat dan richtéch geschit wir.Dat war awer nét schlém wel déi prosédure hun ech schons méi oft gemeet krit ,awer dan bis an der longen erroof!!! Mais alles haat séch berouecht an éch kont dun heem gooen,nodéems den dr. eis nach gewarnt heut :wan awer d`schmerz oder schwellungen errum géife  kommen muss éen direckt den 112 rufen!!! Dat hun ech och versprach !,.Nodeems mir dun doheem waren , war ech  erleedicht,an sin direckt leien gaang et deed jo nach é bésie wéi ,mais dat as jo normaal ,et as jo alt eppes geschit ....gel!!!  Mir wäerten elo an 2 bis 3 wochen résultater hun ,ob opereiert mus gin ,oder net!  An dan sin mir errum é peur schrit méi no bei der lécht......................Tong uitsteken